arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L.
Kach (m/w/nb) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen
Role
Kach (m/w/nb) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen
Location
Job type
Full-time
Found on Mokaru
1 week ago
Salary
Job description
NEW Kach (M/W/NB) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen
Mir siche fir eis Crèche a Maison Relais zu Nidderfeelen : Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
D'Kichenekipp vun der Crèche & Maison Relais besteet aus enger Chefkächen, engem Kach, 2 Hëllefskäch a suergt am Alldag fir frësch, saisonal a regional Molzechten.
Deng Aufgaben
Enk Zesummenaarbecht mat der Chefkächen fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen a preparéieren Schaffen no den HACCP-Normen Molzechte fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren Ënnerstëtzung bei der Gestioun vum Stock a beim Ausraumen/Botzen D'Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren
Däi Profil
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach Eng Beruffserfarung an engem änleche Posten ass vu Virdeel Du hues e fundéiert Wëssen am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner Du hues Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B1) Du hues e Permis B an e perséinlechen Auto
Wat dech erwaart
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


