APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.
Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service ETAP zu Uewerkuer
Role
Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service ETAP zu Uewerkuer
Location
Job type
Full-time
Found on Mokaru
1 week ago
Salary
Job description
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service ETAP zu Uewerkuer
Schlussdatum 28/06/2026
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service ETAP zu Uewerkuer een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI - 40 Stonnen/Woch fir ab sofort oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
RESPONSABILITÉITEN
Individuell Begleedung vu jonken Erwuessene mat enger intellektueller Beanträchtegung. Opbau a Realisatioun vun engem “Projet de vie” a Kooperatioun mat de Léit an der Equipe. Evaluatioun vu Besoinen an Upassunge fir déi passend Ënnerstëtzung ze fannen. Aktivitéiten am Alldag plangen, organiséieren an ëmsetzen.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
D' Kandidate sollen
Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen Eegestänneg an organiséiert schaffe kennen Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen De Führerschäin Klass B hunn
WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN
Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedingungen (Carrière C3 oder C4) en op Vertrauen a Respekt berouend Arbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


