arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L.
Educateur diplômé (m/w/nb) - Kannerhaus Iechternach
Role
Educateur diplômé (m/w/nb) - Kannerhaus Iechternach
Location
Job type
Full-time
Found on Mokaru
1 week ago
Salary
Job description
Educateur diplômé (M/W/NB) - Kannerhaus Iechternach
Mir sichen fir verschidden Gruppen vum Kannerhaus Iechternach: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch:
D‘Kannerhaus Iechternach steet fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht am Kannerhaus Iechternach. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu.
Deng Aufgaben
Alldeeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten, Projeten a Kolonien Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren
Däi Profil
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten Du bass motivéiert dech kontinuéierlech weider ze entwéckelen Dir kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen
Wat dech erwaart
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


