MCPNew: now works with Claude & AI assistants
APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.

Motivéierte Responsabel (w/m/x) Service vun de begleete Familljewunnengen Péiteng

Role

Motivéierte Responsabel (w/m/x) Service vun de begleete Familljewunnengen Péiteng

Job type

Full-time

Found on Mokaru

1 week ago

Share this job

Salary

Not disclosed by employer

Job description

e motivéierte Responsabel (w/m/x) fir eise Service vun de begleete Familljewunnengen zu Péiteng

Schlussdatum 23/06/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen sicht:

e motivéierte Responsabel (w/m/x) fir eise Service vun de begleete Familljewunnengen zu Péiteng - CDI 30 bis 40 Stonnen/Woch

Haaptmissiounen

  • D'Organisatioun an den deegleche Fonctionnement vum Service assuréieren an op e gudde Fonctionnement oppassen.
  • Déi multidisziplinär Equipe begleeden, ënnerstëtzen a kollaborativ weiderentwéckelen.
  • D'Ufuerderunge vum Serviceprojet an dem pädagogesche Konzept ëmsetzen an d'kontinuéierlech
  • Verbesserung vun de Praktiken ënnerstëtzen.
  • D'Kohärenz an d'Qualitéit vun de Begleedunge fir d'Famillen garantéieren.
  • D'Zesummenaarbecht mam professionelle Reseau entwéckelen an erhalen.

Gesichte Profil

  • Ofgeschlossene Héichschoulausbildung am edukativen, psychosozialen oder pedagogesche Beräich (BAC +3), unerkannt zu Lëtzebuerg, oder eng zu Lëtzebuerg unerkannten Autorisatioun fir e Gesondheetsberuff auszeüben.
  • Vill Erfarung am Beräich Elterenschaft, gutt Kenntnisser vum concernéierte soziale Reseau zu Lëtzebuerg, souwéi Erfarung an enger Responsabel-Funktioun.
  • Organisatiounsfäegkeet an d'Fäegkeet, Aarbechtsprozesser ze strukturéieren.
  • Verantwortungsbewosstsinn, Initiativgeescht an Entscheedungsfäegkeet.
  • Gutt mënschlech a kommunikativ Kompetenzen: kloer Kommunikatioun, aktiv Nolauschteren, Ëmgang mat komplexe Situatiounen an eng benevoll Haltung.
  • Fäegkeet am Team ze schaffen an d'Motivatioun d'Entwécklung vun de Mataarbechter ze ënnerstëtzen.
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen.
  • Führerschäin Kategorie B.

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der "Protection de l'Enfance" si vu Virdeel.

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend, Aarbechtsbedéngungen (Carrière C7). en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mam Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.

Wann Dir un dëse Missiounen interesséiert sidd, zéckt net Är Kandidatur bis den 23. Juni 2026 ze schécken

Resume ExampleCover Letter Example

Explore more