MCPNew: now works with Claude & AI assistants
APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.

Diploméierten Infirmier (w/m/x) - Centre Nossbierg

Role

Diploméierten Infirmier (w/m/x) - Centre Nossbierg

Job type

Contract

Found on Mokaru

1 week ago

Share this job

Salary

Not disclosed by employer

Job description

Een diploméierten Infirmier (w/m/x) - Centre Nossbierg

Schlussdatum 28/06/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Infirmier (Krankenpfleger) (w/m/x) fir CDD (Dispens + congé maternité + congé parental), 30 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn.
  • Beruffserfarung hunn.
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
  • De Führerschäin Klass B hunn.

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Resume ExampleCover Letter Example

Explore more