Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique
Agent pédagogique an éducatif fir d'Wunngrupp Haus 12 zu Miersch - CDI 75%-80% (m/f)
Role
Agent pédagogique an éducatif fir d'Wunngrupp Haus 12 zu Miersch - CDI 75%-80% (m/f)
Location
Job type
Full-time
Found on Mokaru
1 week ago
Salary
Job description
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp d'Haus 12 zu Miersch:
engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
Mir freeën eis op Är Kandidatur !
Är Aufgaben
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen
Äre Profil
Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen dem gesichte Profil entsprëcht, Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten) Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen Dir hutt de Führerschäin (B) Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel
Mir bidden
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 laut Diplom) Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.


