MCPNew: now works with Claude & AI assistants
arcus Kanner, Jugend a Famill  A.S.B.L.

arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L.

Educateur diplômé (m/w/nb) - Maison Relais Gréiwemaacher

Role

Educateur diplômé (m/w/nb) - Maison Relais Gréiwemaacher

Job type

Full-time

Found on Mokaru

1 week ago

Share this job

Salary

Not disclosed by employer

Job description

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Gréiwemaacher

Mir siche fir d'Maison Relais Gréiwemaacher Educateurs diplômés (M/W/NB) fir 20-30 Stonnen/Woch am CDI

D'Maison Relais an der schéiner Muselgéigend zu Maacher bitt Plaz fir ronn 290 Kanner. Déi vill verschidde Funktiounsräim (z.B. kreativen Atelier, Medienraum an e Raum fir sportlech Aktivitéiten) bitt eng ofwiesslungsräich Betreiung fir d'Kanner. Bausse stinn eis kannergerecht Spillplazen zur Verfügung. Mais och d'Regioun ass ideal fir flott Ausflich, déi de Aarbechtsalldag beräicheren kënnen. Hei ze schaffen heescht, Deel vun enger engagéierter Equipe ze sinn an d'Kanner an enger inspiréierender Ëmwelt ze begleeden.

Deng Aufgaben

Du empfänks a begleeds d'Kanner Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren

Däi Profil

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto

Wat dech erwaart

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1700 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

Resume ExampleCover Letter Example

Explore more