MCPNew: now works with Claude & AI assistants
Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique

Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique

Educateur gradué (m/w/d)

Role

Educateur gradué (m/w/d)

Job type

Full-time

Found on Mokaru

1 week ago

Share this job

Salary

Not disclosed by employer

Job description

Mir sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.

Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !

Mir stellen een Educateur gradué (m/w/d) an :Carrière C6CDI 60 % bis 75 %

Är Aufgaben

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chargé de direction suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen

Äre Profil

  • Dir hutt en unerkannten Ofschloss
  • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)
  • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
  • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
  • Dir hutt de Führerschäin (B)
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel

Mir bidden

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6)
  • Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif
  • Liewenslaf mat Foto
  • Kopie vum Diplom
  • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Resume ExampleCover Letter Example

Explore more